Volontariat an Argentinien: Sarah De Demo a Sally Doersam

Zwee Chaoten an Argentinien


Alles leeft schif!


Fir d’éischt sollt eis Rees a Bolivien goen, mee nodeems do politesch Onrouen opkomm sinn, ass eise geplangte Projet leider an d’Waasser gefall a mir hunn eis missten op d’Sich no engem Neie maachen. Zum Gléck huet d’Dami, d’Directrice vun der „Escuela Aurora“ an Argentinien sech bereet gemellt eis zwee als Volontairë bei sech opzehuelen an ë Projet mat eis op d’Been ze stellen.

De 6. Januar ass et lass gaangen. Mir si vu Lëtzebuerg op Buenos Aires geflunn, wou d’Carmen, d‘Directrice vun der ONG „Suma Fraternidad“ eis empfaangen huet. Déi 10 Deeg wou mir zu Buenos Aires waren hunn mir domat verbruecht verschidde Projete vu „Suma Fraternindad“ mam Carmen a mam Santiago, engem anere Member vun der ONG, ze besichen, wéi ënner anerem de Centre de Jour fir geeschtlech a kierperlech ageschränkte Leit „Siluva“, de Migratiounszenter an d'Schoul „Centro Communitario Unidad“. Ausserdeem hunn si eis d’Sehenswierdegkeeten an déi lokal Mäert vun der Staat gewisen an eis mat der argentinescher Kultur vertraut gemaach.
Dono ass et fir eis weider op Santa Maria gaangen, enger klenger Staat méi am Norde vum Land, wou mir déi éischt puer Woche beim Dami a senger Famill gewunnt hunn. Dami, den Alfredo, séin Mann, an hier Kanner d‘Marilen an de Marcos hunn eis mat oppenen Äerm empfaangen an eis an hier Famill integréiert, wéi wann mir en Deel dovu wären.

Deen éischte Mount hunn mir domat verbruecht eis anzeliewen, nei Leit kennenzeléieren an d’Sprooch besser ze léieren. Deen 2ten Mount krute mir gesot, dass mir leider net wéi geplangt mat eisem Projet ufänke kennen, well zu deem Moment nach grouss Vakanz war. Dofir hunn mir eis bei der „Merienda“ engagéiert - enger Iessensverdeelung un Kanner aus méi aarme Verhältnisser, déi vum Fabianna a vum José, Frënn vum Dami a vum Alfredo, organiséiert gëtt. Mir hunn schnell ë gutt Verhältnis zu hinnen opgebaut an eis mat hire Kanner, Camila an Nacho, ugefrënnt. Wärend den Iessensverdeelungen hu mir och vill aner engagéiert Jugendlecher kennegeléiert (d‘Misioneros), déi eis och am Alldag zu hiren Aktivitéiten agelueden hunn, wouduerch mir eis ë klenge Frëndeskrees opgebaut hunn. Ausserdeem hu mir bei der Organisatioun vun Aktivitéite vun der ONG „RED“ gehollef, déi sech ënner anerem ëm mësshandelt, drogenofhängeg a suizidgefährdet Mammen an hier Kanner këmmert.

Zwou Woche méi spéit si mir dunn an eis kleng Wunneng nieft der „Escuela Aurora“ agezunn. Nodeems mir dunn gesot kritt hunn, dass mir ëmmer nach net mat eisem Projet kënnen ufänken, hunn mir eis dozou entscheet déi Zäit ze notze fir eng kléng Rees an de Norde vun Argentinien ze maachen.
Nodeems mir zu Santa Maria gestart sinn, goung et mam Bus op Cafayate a vun do aus weider op Salta, eng léif Staat mat schéine Kierchen an interessante Muséeën.
Mam Auto ass et, iwwert d‘„Ruta 9“, enger wonnerschéiner Streck mat ville Kéieren an enke Stroossen, op Jujuy gaangen. Als nächst hunn mir en Tëschestopp zu Purmamarca gemaach, fir de „Cerro de los Siete Colores“ an hiren traditionelle Maacht ze gesinn. Befir ma weider op Tilcara gefuer sinn hu ma d’Salinas Grandes, eng riseg Salzwüst besicht. Zu Tilcara hunn mir en onvergiesslechen Ausrëtt duerch d’Natur gemaach. Eise leschte Stopp war Humahuaca, wou mir den argentinesche Karneval hautno materlieft hunn.

Op eiser ganzer Rees hunn mir vill Bekanntschafte geschloss, wonnerschéi Landschafte gesinn a vill nei Erfarunge gesammelt.
Zeréck zu Santa Maria hu mir eis dunn op eise Projet virbereet a Werbung fir eisen Atelier gemaach - en Atelier an deem mir de Kanner vun de Schüler aus der „Escuela Aurora“ allgemeng kënschtleresch Aktivitéiten ugebueden hunn. Gläichzäiteg hu mir un verschiddenen Ateliere vun der Schoul deelgeholl fir hier traditionell Veraarbechtungsmethoden (Textil, Metall, Keramik) kennenzeléieren. Ënner anerem hu mir och an der Bibliothéik an am Geschäft vun der „Escuela“ ausgehollef. Nodeems et dunn endlech sou wéit war an déi éischt Kanner komm sinn, krute mir d’Noriicht, dass mir wéinst dem Ausbroch vum Coronavirus sou schnell wéi méiglech missen Heem goen.

Leider huet d’Realitéit net ganz eisen Erwaardungen entsprach, well mir mat dem Ziel dohi gaange sinn en neie Projet op d’Been ze stellen an et am Endeffekt awer leider net dozou komm ass. Och d’Äddi-Soen ass eis schwéier gefall, well alles esou schnell huet misste goen a mir eis gewënscht hätte méi Zéit zu Santa Maria ze verbréngen. Mir sinn trotz allem dankbar fir déi schéin Erfarung an déi vill nei Bekanntschaften.
Hasta luego Argentina!

Sarah a Sally
2020


Action pour un Monde Uni asbl - NGO accredited Non-Governmental Organization in Luxembourg

Contact