Volontariat en Tanzanie: Lola Bermes

Mambo alleguerten,

No mengen Openthalt zu Dar-es-Salaam am Kannerheem an zu Kampala an engem Ernärungszenter, ass et dann op Nyakaiga, ee klengt Duerf am Nordweste vun Tansania gaangen. Do hunn ech mat den „Unlimited love Sisters“ zesumme gewunnt. D’Schwësteren hu mech esou häerzeg opgeholl. Zemools mat deene Jonken, déi nach an der Ausbildung zur Schwëster sinn, hunn ech mech ëmmer super verstanen.

Doduerch, dass vill Leit an Tansania net d’Méiglechkeet hunn an d’Schoul ze goen, oder an enger Klass mat em déi 40 anere Schüler ze sëtzen, konnten och vill vun de Schwësteren net vill Englesch. Zesumme mat der AMU hate mir en Engleschcours erausgesicht, deen ech mat 35 Schwëstere gemaach hunn, soudass si d'Basis vum Engleschen elo kënnen. Dat huet mir Spaass gemaach. D'Stëmmung an der Klass war ëmmer super a witzeg an d’Motivatioun vun hinne war einfach enorm. Och wann d'Sprooch natierlech ee Problem war, hunn ech e bëssi Swahili geléiert a si Englesch, esou dass mir eis zimlech gutt konnte verstännegen.

Wann et heiansdo net gaangen ass, dann hu mir mam Dictionnaire probéiert, eis géigesäiteg ze verstoen. Nieft den Engleschcoursen hunn ech ofwiesselnd am Spidol an enger klenger Spillschoul geschafft, oder do wou ech grad de Schwësteren hëllefe konnt, hun ech eng Hand mat ugepaakt. Nieft dem Ënnerscheed vun der Ausübung vun der Relioun an Afrika am Vergläich zu Europa, hunn si mir zimlech vill bäibruecht, ewéi zum Bsp. op Swahili bieden. Um Kapp Saachen transportéieren huet och schnell geklappt, do misst ech awer nach meng zwou Hänn benotzen, fir dass net alles eroffält.

Schnell huet ee sech net nëmme ganz gutt mat de Schwëstere verstanene, mee och vill sympathesch Léit aus dem Duerf kennegeléiert. Heiansdo de Weekend, sinn eng ganz Grupp Kanner aus dem Duerf mech besiche komm, fir zesumme mat mir ze spillen. Mat hinne sinn ech dann och méi dacks Waasser bei eng Quell siche gaangen.

Ech gouf och op vill verschidde Plazen invitéiert, wéi zum Bsp. bei Leit aus dem Duerf heem, aner Kléischter vun de Schwësteren oder „Mobile clinic“. Do hunn d' Mataarbechter vum Spidol a klengen Dierfer schwanger Fraen, Neigebuerener oder kleng Kanner a Leemhütten ënnersicht an opgekläert. Och op verschidde Fester wéi de Sakramentwee, eng Priisterwei an Ofleeë vu Versprieche vu Schwësteren, konnt ech deelhuelen. Zemools op dëse Fester huet mech déi afrikanesch Liewensfreed zimlech inspiréiert. Hir Freed beim Sangen an Danze waren einfach groussaarteg.

Verschidden Ënnerscheeder zu den anere Plaze wou ech war sinn et schonns ginn. Zu dem Moment wou ech do war, ass et nach kee fléissend Waasser ginn. Geduscht huet een sech mat engem Eemer Waasser. D'Liewen um Duerf am Vergläich zu Dar-es-Salaam a Kampala ass ganz anescht. Moies fréi schonns um 5 huet ee Kanner, Jugendlecher an heiansdo och Erwuessener gesinn, déi sech op de Wee maachen, fir Waasser sichen ze goen. Genau sou wéi d’Kanner nom laange Wee zréck vun der Schoul och dono nach Waasser siche gaange sinn oder déi ganz Häerde vu Kéi oder Geesse ronderëm geféiert hunn. Kleng Taxien an deenen 13 Leit sëtzen a schwanger Fraen déi keng Suen a kee Transportmëttel hunn, fir zu Zäit am Spidol ze sinn, waren hei Alldag. Och op de Stroossen, déi éischter kleng Weeër ware mat risege Lächer, konnt een, wann et gereent huet, oft net fueren.

An Tansania hunn ech esou léif, häerzeg, sympathesch a virun allem oppe Léit kennegeléiert, a vill schéin an onvergiesslech Liewenserfarunge gemaach. Déi puer Méint ware mat déi bescht aus mengem Liewen an ech sinn esou frou, dass ech déi Entscheedung getraff, hunn fir kënnen an 3 total verschiddene Projeten ze schaffen. Ech géif jidderengem uroden, eemol ee Volontariat ze maachen. Op dëser Plaz wëll ech mech bei all deene Leit bedanken, déi mir dat méiglech gemaach hunn, meng Famill, Frënn, d’Léit vun dohannen, den SNJ, mee virun allem der AMU!


Asante sana! (Villmools merci)
Lola Bermes
2017


Action pour un Monde Uni asbl - NGO accredited Non-Governmental Organization in Luxembourg

Contact