Volontariat à Haïti: Joshua Ginter et Sara Ludovicy

Bonjou tout moun,

Iwwer 7 Méint hunn mir zu Savanette op Haiti gewunnt. Savanette ass en klengt Bauerenduerf wat an der Gemeng vu Mont-Organisé an de Bierger un der Grenz zur Dominikanescher Republik leit. Et gëtt keng staatlech opgebauten Infrastruktur an sou Dierfer am Hannerland, zum Beispill gëtt et keng eng Strooss zu Savanette. Dat heescht wann et gereent huet kennt een hei net fort. Dann gëtt et natierlech och keng Waasser- oder Stroumleitungen. D'Waasser geet een sech mat engem Eemer bei eng Quell sichen a Stroum hunn déi wéinegst, ausser déi déi sech eng Solarzell oder en Generator leeschte kennen. Duerch déi feelend Infrastruktur gëtt et hei sou gutt wei keng Ekonomie, e Supermarché oder eng Fabrick sinn onvirstellbar. Dat feiert dozou dass 90% vun de Leit keng Aarbecht hunn ausser déi op hiren eegene Felder. Dat eenzegt wat et aus eiser moderner Zäit gëtt sinn Handy'en a Motorrieder. D'Liewen hei ass haart an net ze vergläiche mam lëtzebuergesche Standard. Fir sech un déi Situatioun ze gewinnen an domat eens ze ginn hunn mir op mannst 1 Mount gebraucht.

Mir haten eis awer komplett zu Savanette agelieft a sou gutt integréiert wei et als Wäissen eben méiglech war. Mir konnten eis op Kreolesch verstännegen a hunn sou gutt wei jiddereen am Duerf kannt. Besonnesch mat der Famill Joachin bei der mer gewunnt hunn, hu mer eis ganz gutt verstanen a mir hunn eis bei hinne bal wei doheem gefillt.

De Wilfrid Joachin, eise Gaaschtpapp, ass dee Mann deen zu Savanette PACNE (Action contre la pauvreté du Nord-Est) matgegrënnt huet a säi Liewen doran investéiert huet. PACNE ass eng Organisatioun déi sech a verschiddene Beräicher engagéiert, a wann se een auslännesche Partner fënnt och mol grouss Projet'en ëmsetzt. Ee vun deene Partner ass d'AMU déi vun 2015-2018 de Projet vun der Coopérative Agricole mat finanzéiert huet. D'Coopérative probéiert mat der Hëllef vu senge Membere verschidde Produiten unzebauen, ze veraarbechten an ze verkafen. Mat dem Profit stellt si hire Memberen eng Liewensversécherung a Mikrokreditter zur Verfügung. Dem Joshua seng Aarbecht huet doran bestanen, mat de Membere vun der Coopérative op d‘Feld ze goen an hinne bei hirer deeglecher Aarbecht ze hëllefen. Sief et de Buedem ze preparéieren, ze planzen, ze fleegen oder d'Recolten eran ze huelen. Hien huet Räis geschnidden a gedréchent, Yam ausgegruewen, Bounen a Kabes gepléckt, Banannebeem geschnidden, Mais a Boune geséint, Räis, Auberginnen a Yam geplanzt, Kompost gemaach, genätzt, Onkraut gekappt, an de Buedem ëmgegruewen. Och wann alles ob der Hand gemaach gëtt, ass d'Aarbecht schnell gemaach, wa genuch Leit schaffe kommen. Mëttwochs, wann déi meeschte Leit kommen, sinn et der oft méi wei 50. Déi ginn dann op verschidde Chantieren opgedeelt, well wann ze vill Leit beienee sinn, gëtt just geschwat a gelaacht. D'Leit komme gäre schaffen, si gleewen un de Projet, an d'Feld ass zum sozialen Treffpunkt ginn, wou jiddereen d'Neiegkeeten aus dem Duerf erzielt.

Ënnert anerem huet PACNE mat der Ënnerstëtzung vun der AMU nach 3 communautaire Schoulen an der Gemeng gebaut. An där enger zu Zilma huet d'Sara an der Spillschoul geschafft, wou d'Joffer 43 Schwäikanner an hirer Klass setzen hat an all Hëllef gutt gebrauche konnt. Wärend 5 Stonne goung et dann drop an derwidder, well haitianesch Kanner „Désordre“ sinn, mee iergendsweis klappt et awer fir de Kanner bëssen eppes bäizebréngen. Haaptsächlech leieren d'Kanner d'Zuelen an d'ABC, an donieft gëtt och nach vill gesongen a gespillt. D'Schoul ass op Haiti ganz anescht wei bei eis zu Lëtzebuerg, sief et dass se engersäits mol als manner wichteg ugesi gëtt an dofir vill Schüler einfach oft net an d'Schoul kommen. Anerersäits ass dat eenzegt Bestrofungsmëttel de Bengel. Well et eng communautaire Schoul ass, mussen d‘Elteren net grad sou vill bezuele wei an deenen anere Schoulen. An awer ginn et ëmmer Schüler déi net bezuele kënnen, a meeschtens awer weider an d'Schoul dierfe kommen. Dat feiert dozou, dass d‘Direktioun Problemer huet fir déi 7 Proffen anstänneg ze bezuelen. Trotzdeem kommen d'Proffe meeschtens schaffen, och wann d'Motivatioun net ëmmer déi gréisst ass. D'Schoul kann dowéinst net déi beschte Bildung ubidden, mee déi Bildung ass definitiv besser wei keng. Ier dass déi communautaire Schoul gegrënnt gouf, gouf et an där Géigend keng aner Schoul, sou dass vill Kanner guer keng Méiglechkeet hate fir eppes bäizeléieren. Zudeem sponsert eng haitianesch Organisatioun nach Weess a Bounen, sou dass d'Kanner bal all Dag eppes z'iesse kréien.

An eiser Fräizäit hate mir d'Mauere vun der Schoul zu Zilma frësch ugestrach an hunn eng grouss Schaukel nei opgeriicht. Ausserdeem ware mer déi eenzeg Sehenswierdegkeet vun Haiti kucken, eng riseg Festung op der Spëtzt vun engem Bierg. Mir hunn en héichrangege Korruptiker kennegeléiert an hunn eis och en Bild vun der krimineller Haaptstad Port-au-Prince gemaach, wou Millioune vun extrem Aarme mat e puer Gangsteren, auslännesche Geschäftsleit a räiche Politiker zesummeliewen. Fir eise Visa ze verlängeren, ware mer och eng Kéier eng kleng Vakanz an d'Nopeschland Dominikanesch Republik maachen, wou een sou bal een iwwert déi iwwerlafe Grenz ass, sech erëm an engem plus/minus organiséierte Land befënnt. Fir de Rescht hunn mer eis em eisen Haushalt gekëmmert a souze mat den Haitianer ronderëm.

Eis huet et ganz gutt gefall, och wann déi haitianesch Mentalitéit eis heiansdo net gefall huet. Mir sinn dankbar fir déi Situatioun an déi mir a Lëtzebuerg gebuer goufen. Mir sinn och dankbar dass d'AMU eis begleet huet fir eise Volontariat ze preparéieren a méiglech ze maachen. Mir géifen all Mënsch am gëllene Käfeg et uroden eng kéier ee Volontariat ze maachen.

Sara a Joshua
2018-2019


Action pour un Monde Uni asbl - NGO accredited Non-Governmental Organization in Luxembourg

Contact