Volontariat en Argentine: Marianne Harpes

Eng Reess an Argentinien

Ween haut un Argentinien denkt, dat 8. gréisst Land op der Welt mat ronn 37 Mio Awunner, deem komme villäicht déi vill Felder aus der endloser Pampa, d’Virleefer vun den Anden, déi grouss Gletscher aus dem Süden oder d’Iguazu-Waasserfäll aus dem Nord-Osten an de Kapp, oder hien denkt u Buenos Aires, Tango, Beef a Fussball…
Ech hat d’Chance fir dëst Land während 11 Méint (vu September 2001-August 2002) e bëssi méi genau kennenzeléieren, an sou een Androck ze kréien, deen iwwwert d’Informatioun aus engem Reesskatalog wäit erausgeet.
Argentinien as fir südamerikanisch Verhältnisser ee relativt wuelhabend Land mat ville Ressourcen, stécht allerdings zënter enger Zäitchen, wéi sämtlich aner Noperen och, an enger déiwer sozialer a wirtschaftlicher Crise. D’Inflatioun as grouss, den Argentinische Peso, dee wou ech ukomm sinn am Verhältnis 1:1 mam Dollar stung, as 2002 op een Déif vun 1:4 gerutscht a gläichzäitig sinn d’Präisser drastisch geklomm. Ënnert dene Conditiounen huet de « Mann vun der Strooss » ët nit liicht, wann ee weess dass d’Aarbichtslosigkeet stännig klëmmt a mëttlerweil iwwer 50% ënnert der Aarmutsgrenz liewen, déi führend Kräften nach ëmmer zevill an hir eengen Täsch schaffen amplaz sich fir d’Wuel vun allen anzesetzen.

A grad an dësem Land ginn ët eng Rei Initiativen, déi derwert sinn, dass ech méi drop aginn :

Do gët et zum Beispill d’ « Escuela Aurora » vu Santa Maria an der Provënz Catamarca am Nordwesten vun Argentinien.
D’Urbevölkerung vun hei, d’Calchaquì-Indios war een héich ëntwëckelt Vollek mat enger räicher Kultur. Vun de Konquistadores sinn si sou ze soen total ausgerott a versklavt ginn, och wa si während Joerzingten heftige Widderstand geleescht hunn. Typisch fir dës Géigend sinn och nach haut d’Veraarbichtung vun der Woll (Schof, Lama, Vikunja…)zu Kleder a Wierwereien, Keramik a Metallaarbichten mat räicher Symbolik a Molerei vun hire Virgänger. Matzen an der Zivilisatioun vun den Ureinwohner, ënnerhällt Santa Maria och nach haut al Traditiounen an as sou een natiirliche Refenrenzpunkt fir d’Völker vu ronderëmmer. D’Qualitéit vum Handwierk si vu grousser Renommée am ganzen Dall, mee sécher as wéinst der schwieriger sozio-ekonomischer Situatioun d’Zuel vun de Leit, déi nach am Handwierk schaffen staark zréckgaang, mat der Gefor, dass d’Wëssen an d’Technik vum Handwierk riskéiert verluer ze gouen.
D’Chiara Lubich, d’Grënnerin vun der Fokolarbewegung, huet eemol gesot : «  Et as den Ufank vun enger neier Epoche, deen Dag wou d’Völker nit agespaart bleiwen, andeems si hier eege Fähigkete bewonneren, hir eege Schéinheeten a sich just op hier eege Schätz bezéien, mee wou si et fäerdig bréngen dat zur Verfügung ze stellen fir d’Wuel vun alle Völker…. Deem aneren deen eis nosteet, seng Bedürfnisser an Noutwendigkeete liewen wéi eis eegen, andeems mir eis solidarisch maachen … »

An esou as d’Initiativ vun der Escuela Aurora entstanen. 1970 huet eng kleng Schoul ugefaangen fir ganz bescheide Leit mat praktische Couren vun 1. Hëllef, Schräinerei, Strécken, Brodéieren, Alphabetisatioun an handwierklich Techniken. Dat ganzt an engem geléinte Raum vu 4x2 Meter, mat séier wéinige Mëttelen zur Verfügung, mee mat totalem Engagement. Den Alter vun de Schüler war heterogen (7-80 Joer). Well weder Bänken nach Still do waren, as sich alt op de Buedem geknéit ginn fir de Schüler eppes bäizebréngen. Bis 1994 hun eng 600 Leit bei verschiddene Couren matgemeet. 1994 huet d’AMU (Action pour un Monde Uni) dëse Projet finanziell ënnerstëtzt, ee Gebei opgeriicht, Miwwelen an Infrastruktur fir d’Ateliers finanzéiert… An zënterhier funktionnéiert dëse Projet ënnert neiem Gesiicht.

Während menge 4 Méint zu Santa Maria hun ech a verschiddene Famille gewunnt, déi am Projet Aurora matschaffen. Ee groussen Deel vun der Zäit hun ech domat verbruecht Interviewen ze maachen mat sämtliche Schüler déi vun 1994 bis haut an der Schoul waaren, fir sou eng Evaluatioun vum Projet ze maachen am Hibléck op d’Inhalter an d’Ziler vun deene kommende Joeren.
Déi meescht Interviewen hunn ech bei de Leit doheem gemeet, hunn heiansdo nit schlecht gestaunt, a wéi enge bescheidene Verhältnisser si liewen : eng Zwou-Zëmmer-Mini-Wunning fir eng Famill vu 6 Leit, a villen Haiser war just Betong um Buedem an och d’Maueren hate kee Belag, a wat d’Ariichtung ubelaangt konnt ech op den 1. Blëck gesinn, dass d’Mëttelen nit do waren… An trotzdem sinn ech an ALL Haus mat enger enorm grousser Gaaschtfrëndlichkeet opgeholl ginn a krut Maté (een typisch argentinischen Téi) mat selwergemeetem Brout zerwéiert. Dat war fir si eng Selbstverständlichkeet, och wa si mer dachs spéider am Interview gesot hunn, si wissten nit op si och um Schluss vun der Woch nach genuch Suen hätten fir Iessen ze kafen… A sou Situatiounen hunn ech mich dacks geschummt, wann ech denken, wéi schweier ët mär alt fällt, fir matzeginn vu mengem Iwwerfloss a si delen awer hirt Allernoutwendigst nach mat mär. An da beim Äddi-Soen krut ech dacks nach eppes mat fir ënnerwee : eng Drauw, Maiskolben, ee gebakend Brout, ee Glas Gebeess… Dat as a méngen Aan richtig geliewte Generositéit, wou mär eis all kënnen eng Nues drun huelen.

Et as beandrockend ze gesinn, wat fir eng Impressioun d’Schüler vun der Escuela Aurora hunn. Vill vun den 1. Schüler si jonk Meedercher, déi kaum eng Ausbildung haten no der Primärschoul, oft elengerzéiend Mammen, déi duerch dës 2-jährig Ausbildung konnten een Atelier (Strécke, Wierwen, Brodéieren, Metallaarbichten…) léieren fir domadder kënnen hire Liewensënnerhalt selwer ze verdingen.
Eng Schülerin zielt : « D’Schoul as fir mech wéi d’Häerz vun enger Mamm, déi hir Kanner unzitt duerch hir Guddheet. Et wëllt een ëmmer rëm dohinner zréck, wou ee Léift, Guddheet a Versteesdemich fonnt huet. »
Een anere seet : « D’Schoul Aurora huet sou vill fir mech gemeet, ech sinn elo richtig an hirer Schold. Ech si sou dankbar fir all dës Saachen, dass ech och elo wëll mech revanchéieren. »

Wéi ech beim Margarita (bestued a Mamm vu 6 Kanner) gewunnt hunn, hunn ech och heiansdo nit schlecht gestaunt : Hatt sot eemol zu mir nom Iessen : « Spullen as fir mech déi helligst Aarbicht, déi ët gët » Ech hunn hatt just grouss gekuckt an hatt erklärt : « Jo, well wann s du kanns d’Spull maachen, dann heescht dat, dass du och eppes z’iessen has an eppes fir d’Gesondheet vun déngem Kierper konns maachen. »
An der Zäit huet d’Margarita Brout gebak a verkaaft als Liewensënnerhalt. « Domat sinn ech awer nit räich ginn, wëll et ware vill Leit déi manner hate wéi ech. Dann hunn ech hinnen eent geschenkt. »

Aurora as eng Schoul am Beräich vun der Erwuessebildung, déi als Ziel huet, d’Wuerzele vun der Kultur Calchaquì, déi am Gaang as auszestiewen, oprechtzeerhalen, d’Liewenskonditioune vun de SantaMarianos ze verbesseren, de Jonken eng besser Integratioun an d’Gesellschaft ze erméiglichen a Bewosstsinn ze verschafen fir der Fra hir Würd an d’Wichtigkeet vun hirer aktiver Roll an der Famill an an der Gesellschaft…

Wat de Finanzement vum Projet ugeet, sou as déi Saach méi schwirig. Well vill Leit de Moyen nit hunn fir eng Ausbildung ze bezuelen, as d’Schoul gratis, gët awer bis elo nach nit vum Stad finanzéiert. Sou dass d’Enseignanten dacks méi Bénévolat maachen, wéi dass si eng regelméissig Pei kréien, an dat 5 Deeg an der Woch! Deen Engagement an deen Asaz sinn ze bewonneren. Em sou méi frou ware si fir ze héieren, dass een Don vu Lëtzebuerg ukomm as. An der Ouschterzäit 2002 war fläissig an de Paren Uselding/Rippweiler an Ieverléng/ Schandel gesammelt ginn. Vun dene Suen as ee Computer mat Scanner an Drucker kaaft ginn (750 US$). Aner 200 US$ goufe gebraucht, fir Material fir eng Mini-Entreprise vu Wollspannen ze kafen. 10 Fraen hu sich zesummegedou a spanne Woll, déi an den Atelieren vun der Schoul Aurora weiderveraarbicht gët. D’Nanni, eng vun de Responsable vum Projet huet mer geschriwwen : «  Virun allem wëll ech där an all denge Leit ronderëmmer een DËCKE MERCI soen, fir dat wat där eis fir d’Escuela Aurora geschéckt hutt, fir äer konkret Léift ze spiren an ze gesinn dass dës Sue grad am richtige Moment ukomm sinn. »

Den 12.Oktober 2002 hat de Club des Jeunes vu Rippweiler een Argentinischen Owend organiséiert. Et war ee flott Fest mat groussem Succès, d’Hallschicht vum Erléis sollt och fir d’Escuela Aurora sinn, dat waren 500 Euro. Och hinnen an all denen déi matgemeet hunn ee WAARME MERCI fir d’ Ënnerstëtzung. Déi Suen sinn och schon op der Plaz ukomm a si gebraucht ginn fir e puer Couren ze organiséieren, eng kleng Pei fir 3 Proffen während 2 Méint ze bezuelen. Aner 3 Leit kruten eng Formatioun an der Géigend vu Buenos Aires bezuelt, wou si vun der Initiative an den Erfahrungen vun der Escuela verzielt hunn.
Ee vun den aktuellen Ziler vun der Schoul as et fir eng Cooperativ op d’Been ze setzen, wou d’Schüler, nodeems si hir Formatioun afgeschloss hunn, kënne matschaffen, sou dass deen Eenzelne besser Méiglichkeeten huet fir déi entstane Produkter ze vermaarten. An deem Sënn war dës Formatioun och wichtig fir no neie Weeër ze sichen…

Dat Vollek vu Santa Maria huet mech wiirklich mat sénger Einfachheet, Liewensfreed, Humor, sénger Oppenheet a senger Guddheet déif getraff. Ech hätt ni geduecht dass ech sou vill vun hinne kéint léieren, et brauch een nëmmen d’Aan opzemaachen. Bei eis am Land gët vill vu Cooperatioun geschwat, an ech fannen dat och wichtig a richtig a gesinn dat als eenzig Léisung fir Ressourcen méi gerecht tëschend alle Länner ze verdeelen. D’Aktualitéit aus deene leschte Wochen a Méint weist eis näischt anescht. Eng stabil Zukunft kann et nit ginn wa grouss Ongerechtigkeete weider bestoue bleiwen, an déi manner bemëttelt nach weider ausgebeut ginn Et bleift awer nach vill ze dinn. Mee wat mënschlich Werter a Wäermt ubelaangt, do missten d’SantaMarianer an Europa nach vill Ëntwëcklungshëllef leeschten a mär kënnen nach vill vun hinne léieren.

Eng aner Initiativ war déi vum Parkanner-Entdeckergrupp, déi eng ganz Adventsaktioun gemeet hunn, mat Kaffisstuff fir Dräikinnigsdag zu Uselding am Festsall. Bei dëser Aktivitéit sinn 2050 EURO !!!!!!! zesummekomm. Genial, domatt hat ech nit gerechent. Et as schon erstaunlich wat sou ee klenge Steen nit alles kann an d’Rulle bréngen. Wéi ugekënnigt sinn déi Suen fir d’ Casa del Nino « Nuevo Sol » vu Buenos Aires. Doriwwer kënnt Dir dann an der nächster Ausgab liesen.

Marianne Harpes
2001-2002


Action pour un Monde Uni asbl - ONG agréée par le Ministère de la Coopération du Grand-Duché de Luxembourg