Vanessa & Marc

VanessaMarx 600x450xx

Moie léif AMU-Frënn,

Mir mellen eis aus dem Uruguay, engem klenge Land a Südamerika. Mir sinn zu Montevideo, an der Haaptstad a schaffen all Dag am Kanner- a Jugendzentrum „Nueva Vida“ an engem Véirel nördlech vun der Stad. De Véirel heescht „Barrio Borro“ a gehéiert zu engem vun denen äermste vun der Stad. Moies um Wee fir an den Zentrum gesäit een all méigleches: Eng ganz Famill op engem ale Motorrad, fräilafend Déire vun all Zort, virun allem awer d’Haiser déi ganz ënnerschiddlech sinn, vun Haiser mat Blechdaach ouni fléissend Waasser, ouni Stroumversuergung bis op Haiser mat engem gewëssene Standard.

Den Zentrum ass dofir geduecht, fir Kanner a Jugendlechen Aktivitéiten unzebidden, virun respektiv no der Schoul, an duerch verschidden Atelieren ze fuerderen. Natierlech sinn och Jugendlecher do, déi d’Schoul längst opginn hunn, a fir déi ass et wichteg, si um richtege Wee ze halen an net den Uschloss verléiren ze loossen, fir duerno kënnen e stabilt Aarbechtsliewen ze féieren. Dat ass natierlech méi liicht gesot ewéi gemaach.

Den Zentrum ass flott opgebaut, et ass vill Plaz bausse mat Spillplaz an engem Futtballsterrain, vun deenen och vill profitéiert gëtt. Mir gesinn dat super Resultat, vun dem wat mat der Hëllef vun der AMU opgebaut gouf: Ënnert anerem eng Schräinerei, ee Computerraum a soss Renovatiounen an dene jeweilege Gebaier. No der Kris (2001) huet sech och vill am Barrio verännert: Den Honger ass elo manner e Problem, mä éischter d’Gewalt an d’Drogenszeen, déi am Barrio am Fokus stinn. Säit mir hei sinn, hu mer schonns verschidde Fäll matkritt vu jonke Leit, déi an de Prisong koumen oder gestuerwe si wéinst dësen Ëmstänn. En anere Problem ass dee relativ héigen Taux vu Gebuerten an dem jonken Alter vun de Mammen. D‘Kanner liewen deementspriechend an engem schwieregen Ëmfeld, wou Gewalt oft nach eng Form vu Kommunikatioun ass. Dëst spigelt sech och am Behuele vun de Kanner an de Jugendlechen erëm: sech verteidegen heescht intuitiv Gewalt uwenden. An dat schonns an engem ganz jonken Alter. Op der anerer Säit sichen se awer och vill Zouneigung a Léift, déi se doheem oft net kréien.

D’Situatioun schéngt een Däiwelskrees ze sinn, ëmmer nei Fäll vun ze jonken an onerfuerene Mamme verbesseren net déi aktuell Situatioun vu mangelnder Éducatioun. Den Zentrum huet sech zur Aufgab gemaach, déi jonk Fraen ze sensibiliséieren. Wat mir an eisem Alldag am Zentrum maachen ass bei den Aktivitéite mathëllefen, an se och selwer organiséieren: an der Schräinerei, Hausaufgabenhëllef, Danzatelier, Computeratelier… Mir schaffen och deelweis fir d’ONG CO.DE.SO., dene mir ënnert anerem eng nei Websäit maache fir Nueva Vida.

Mir zwee haten eis séier un eis nei Ëmgéigend gewinnt an entdecke gären déi uruguayanesch Kultur. D’Uruguayaner sinn am allgemengen super sympathesch Leit: immens hëllefsbereet, mënschlech, net zeréckhalend, a leeën zemools vill Wert op ee gutt Zesummeliewen an der Gesellschaft. Mir fillen eis ganz wuel hei a wäerte ganz vill mat op de Wee huele vun dëser Experienz. Mir hunn déi Chance als Lëtzebuerger sou eppes kënnen z’erliewen an en neie Kontinent z‘entdecken a kënnen et nëmme recommandéieren !!

Hasta luego! Vanessa a Marc

 

Last modified on Saturday, 21 November 2015 17:33