Liz Freimann

LizFreimann

Mambo! Habari?

Säit iwwert engem hallwe Joer sinn ech lo schonns zu Dar es Salaam, Tansania am Kannerheem „Tuwapende Watoto“. „Tuwapende Watoto“ heescht op Kiswahili „Mir hu Kanner gär“ an d‘Zil vum Projet ass et Weesen- oder ausgesaate Kanner ee séchert Doheem voller Léift a Gebuergenheet ze bidden.

Zum Projet gehéieren och eng Spillschoul an eng Primärschoul, déi direkt niewent dem Heem sinn. Den Ufank hei war e bësse méi schwiereg fir mech an ech hunn eng Zäitche gebraucht, fir mech un des komplett aner Welt ze gewinnen. Mat all Dag wou ech hei sinn, wuesse mer d‘Kanner méi un d‘Häerz an ech si frou, datt déi 28 Kanner hei an sou enger gudder Ëmgéigend opwuesse kënnen an d‘Chance hunn sech souwäit ze bilde wéi si wëllen, respektiv kënnen. Dat ass nach laang net selbstverständlech hei an Tansania. Trotz der Schoulflicht gi vill Kanner iwwerhaapt net an d‘Schoul, kënnen net liesen an net schreiwen an hunn oft kee stabillen Dach iwwert dem Kapp.

Vill Kanner hunn och just eng Moolzecht am Dag a musse wäit lafen, fir Waasser an engem Pëtz oder engem klenge Séi ze fannen. Meng Aarbecht hei am Heem besteet haaptsächlech doranner, déi deeglech Routine vun de Kanner ze ënnerbriechen, andeems ech Spiller an Ausflich fir si organiséieren oder mech mat hinnen zesummesetzen, fir verschidde méi eescht Themen ze diskutéieren. Zum Beispill si mer op de Strand gaangen, op de lokale Maart oder mir sinn einfach een Tour spadséiere gaangen. Mee och bei deenen alldeeglechen Aufgaben, wéi botzen, wäschen, kachen oder Hausaufgaben hëllefen ech. Ech hunn ënner anerem Kniddelen, Nuddelsgratin a Gromperenzalot fir si virbereet.

Ech probéieren un hirem Liewen deelzehuelen, hiren Horizont ze erweideren an si sou gutt et geet op hiert spéidert Liewe virzebereeden. Gläich schonns ass mäi Volontariat eriwwer an ech sinn nees zréck zu Lëtzebuerg. Ech wäert villes vermëssen a puer Saachen, respektiv Leit ganz besonnesch: D‘Kanner, déi zu menge beschte Frënn hei goufen an déi ech am léifste géif an d‘Valise paken a mathuelen. Besonnesch déi eeler Kanner hu mech mat hirer Hëllefsbereetschaft an hirer Virsuerglechkeet géigeniwwer deene méi klenge Kanner déif beandrockt. D‘Mammas, déi d‘Häerz vun dësem Heem sinn an eng wonnerbar Aarbecht hei leeschten, déi sécher net ëmmer einfach ass. Si hu mäin déifste Respekt an ech si stolz drop si zu menge Frënn zielen ze kënnen. Meng Co-Volontären, mat deenen ech vill wonnerschéi mä och déi eng oder aner schwiereg Erfahrungen deelen. D‘Hakuna Matata (Kee Problem)-Mentalitéit.

Alles ass iergendwéi machbar an sou eppes wéi Stress kennen si hei net. Dat kann een zwar heiansdo op d‘Palm bréngen, besonnesch wann ee schnell iergendwou hi muss, mä meeschtens ass et eng wëllkommen Ofwiesslung zu der westlecher Aart a Weis ze liewen. D‘Natur, d‘Faarwen an de wonnerbar klore Stärenhimmel. Ech sinn éierlech frou, datt d‘Kannerheem zimlech um Rand vun Dar es Salaam läit. Dar es Salaam ass déi gréisste Stad aus Tansania an domatt eng vun de gréissten aus Afrika.

Deementspriechend ass et am Zentrum immens haart an deelweis knaschteg. D‘Autoë stauen do nach vill méi wéi zu Lëtzebuerg. Ëmsou méi frou sinn ech, datt d‘Kanner hei am Gréngen ouni all dee Kaméidi opwuesse kënnen. Ech sinn immens dankbar fir all déi Erfahrungen, déi ech hei duerft maachen. Ech hu vill geléiert a meng Siicht op villes huet sech verännert. Ech wëll jidderengem Merci soen, dee mir dat erméiglecht huet.

Kwaheri a bis geschwënn, Liz Freimann

 

Last modified on Saturday, 21 November 2015 17:33